Pop 4 Teens - Hei gi jugendlech Sänger vu 14 Joer un ugesprach, déi sech fir de Chouergesang interesséieren an am léifste Pop sangen. Proposéiert gëtt ee Workshop vun all Kéier 1,5 Stonnen iwwer 12 Wochen an dat während 3 Joer.
Dat éischt Joer hu si sech virun allem mat A-Cappella beschäftegt, sou wéi z.B. Pentatonix oder Wise Guys sangen. Hei gëtt also ouni instrumental Begleedung gesongen. Deemno mussen all d’Instrumenter mat der Stëmm imitéiert ginn, sou och de Bass an d’Percus - sioun (Beatboxing oder Vocal Percussion). Si hate vill Spaass, hunn awer och festgestallt datt dëst guer net sou einfach ass
Déi nächst Editioun ass vum 02. Januar bis de 27. Mäerz 2018 am Atert-Lycée Réiden. Weider Informatioune fannt dir op www.inecc.lu (ënner Activités)